Mir verschaffen ons Steebrécker Äppel

Mettwochs den 07. Oktober waren d'Klassen vum Liza Amatini, Jessica Majerus/ Joyce Serres an Luana Chiampan mat tatkräfteger Ennerstëtzung vum Usch Conrad erop an den Steebrécker Bongert Äppel rafen. d'Kanner haten an kuerzer Zäit hier Eemeren voll an den Usch huet guer nët oft missen mat senger langer Stang un den Beem reselen.
Zereck an der Schoul hun d'Kanner an 4 Ateliers déi vill Äppel verschafft. d'Joyce huet mat hinnen mat Hëllef vum Portier Aly an vum Usch Viz gemeet, d'Luana huet Äppelkompott gekacht, d'Jessica huet Äppeltarten mat hinnen gebaak an d'Liza an d'Sonia hun Äppelchipsen gemeet.